Podcasts

From syn2cat - HackerSpace.lu
Revision as of 10:14, 22 July 2009 by Steve (Talk | contribs)

Jump to: navigation, search

Contents

HackerSpace PodCasts

Episode One

Subject: What is a modern day "Hacker"?
Synopsis: 
Transcript:
Tags:


Episode One.bis

Subject: Oh "Hacker" wat bas de?
Synopsis: Ee klengen diskurs iwwer wat haut dès daags een Hacker ass.
Transcript:
	Bonjour mäin numm ass Steve Clement ann ech sin een Hacker. 
Am moment sin ech am gaang mat aaneren Hacker eng Physesch plaatz ze sichen wou mer eis kennen austoben, sprèch Hacken.

Natierlech wees den informéierten nolauschterer längst dass et héi nett em déi Kriminell zort geet, mais ganz am Contraire.
En Hacker ass eng Persoun, déi sech kreativ mat neien an nët esou neien Technologien ausernaner sätzt, fir hinnen en néit liewen ze ginn.
An wann mer daat elo analyséiren, kennen mer soen dass jo u sech all Mënsch en Hacker ass.
Fir sech Kréativ mat engem thema ze beschäftegen soll een natiirlech déi néideg motivatioun hun. Déss kréativ denkweis kombinéiert mat der motivatioun ergett dass leit dei Hacken ganz passionéiert un verschidden themen run gin, ouni midd ze gin bis et wierklech vollend ass.

Am beschten présentéiren mer daat emol matt engem kléngen Beispill.
 
Wann mer elo eng persoun huelen déi zB Bijoux'en aus aalem material zesumme stellt, sief daat aus ooffall oder soss welchen materialien. Kennen mer soen dass daat een Hacker ass. Déi persoun benetzt éischtens materialien déi, fir den normalgebrauch, nett méi fit sin, awer nach bei Kreativem nodenken, een 2t liewe kenne hunn, andeems et quasi an ee steck eenzegarteg Konscht verwandelt gëtt. Dorauser ergett sech also och dass en Hacker ee Kënschtler kann sinn.

Bei engem Hacker handelt et sech also em een Hobbyist dee matt enger gréisst méiglecher freed an motivatioun un een thema erungeet an esou laang dodrobber erem Hackt bis säin Ziel erfëllt ass.

Eng heefeg gestallten froo:

“Mais ass dann elo esou een HackerSpace net daat optimalt emfeld fir iwwerhaapt iwerhaapt matt der schwaarzer säit vum internet and matt deene criminellen Hacker an Kontakt ze kommen.”


Fir d'Terminologie nach eemol kloer ze maachen:

Deen Hacker an de Medien kenne mer berouegt entweder Kuerz: Kriminellen oder Cyber-Criminellen betitetelen well all aner bezeechnung géint d'Enzyklopädien verstéisst.

Wat elo d'froo ugeet ass et ganz einfach. 
Nemmen well et Laboe gett wou Fuerscher oder Schüler Theoretesch eng Bomm kenne bauen, (waat een iwregens mat gängegsten haus mettele och kann maache), heescht daat nett direkt dass dei eenzel persoun daat och elo ausnotzt an direkt zum Terrorist mutéiert.

Jo, d'gefoor as do, mais déi nämlecht gefoor kennen mer ganz einfach och an eisem Kichen-Tirang eremfannen, matt messeren zB. 
Et ass vill mei wichteg dass mer jidereen dorop opmierksam maachen dass daat machbar ass allerdengs een daat elo nett zur wierklechkeet soll maachen.
Mir kennen daat ganzt natierlech och “verstoppen”, allerdengs huet een do de problem dass duerch dei obscuriteit dei een do kënschtlech erschaaft, d'messer nett manner gefeierlech gett, an falls elo een op kromm gedanken kennt, deen eenzelen sech vlait emol nett onbedengt bewosst ass waat hien do mëscht. 
An am Internet zB ass daat natirlech nach vill mei schnell geschitt dohier heescht et hei dass een gut bescheed soll wessen iwwer dei negatif Saache genau esou wei iwwer positives.

Mat der Zäit mierkt een, dass wann een zB jonk léit responsabiliséiert an vertrauen schenkt een e vill méi wäiten wee kennt wei duerch ee verbued ze probéiren en opfällegt verhalen ze ennerbannen.

Dohier ass et eis Hacker ganz wichteg dass et esou eng HackerSpace infrastruktur gett wou mer all zesummen kenne un interessanten Projeten schaffen an am fall wou eben froen iwwer zweedeiteges oder vläicht esouguer illegales opkennt, den problem direkt mat senger léisung ze bekämpft kann ginn an daat ass duerch d'opklärung vum eenzelnen an engem openen an gemeinsamen Dialog.

Merci villmols fir d'opmierksamkeet an bei weideren froen scheckt einfach ee mail un:

info@hackerspace.lu

oder surft einfach mol lanscht op:

www.hackerspace.lu
Tags:
Download Episode One.bis

Episode Two

Subject: SYN2cat update to the community
Synopsis:
Transcript: 
Tags:


Episode Three

Subject: Activism
Synopsis: How to activate a community in a sustainable way
Transcript:
Tags:


Episode Four

Subject: Pushing the non-profit model
Synopsis: To go for profit or not for profit
Transcript:
Tags:


Episode Five

Subject: Arrrduino! What's next?
Synopsis: A brief look into what the SYN2cat does with his Arduinos and Xbees
Transcript:
Tags:
Personal tools
Namespaces

Variants
Actions
Navigation
syn2cat
Hackerspace
Activities
Initiatives
Community
Tools
Tools