HacKids
Macfreak109 (Talk | contribs) (HacKids August 2) |
Macfreak109 (Talk | contribs) m (→ATELIER'EN) |
||
Line 50: | Line 50: | ||
= ATELIER'EN = | = ATELIER'EN = | ||
− | + | = Oofgehaalen = | |
==-1- All thingz flashy == | ==-1- All thingz flashy == | ||
* Datum : Dënsdeg, 1. März 2011 | * Datum : Dënsdeg, 1. März 2011 | ||
Line 91: | Line 91: | ||
---- | ---- | ||
+ | =Aktuell= | ||
==-5- UltiHacktive == | ==-5- UltiHacktive == |
Revision as of 07:05, 11 July 2011
HacKids | |
---|---|
HacKids ass ee Projet, dee Kanner vun 10-18 Joer eng aner Vue vun der Technik gi soll. | |
Meetings: | see sub-pages |
Type: | misc
|
Status: | running |
Members: | |
Contact Person: | Macfreak109 (mail) |
Tools | |
QrCode: |
"File:" cannot be used as a page name in this wiki.
Contents |
HacKids, waat ass daat?
HacKids ass keng crèche oder Science-Club fir Kanner!
HacKids ass ee Projet vum hackerspace Stroossen, fir deene Jonken hiren Interessie un Technik a Wëssenschaft waakreg ze maachen oder ze förderen. Den hackerspace verfügt iwert eng interessant Infrastruktur, déi et jidder Member erlaabt, no Häerzensloscht ze hacken, also ze bastelen an tüftelen. All Projet, deen d'Kanner maachen, soll hier Kreativitéit ureegen an fir weider Iddien suergen!
Virkenntnisser si net néideg; an den Atelieren gëtt een alles gewuer, wat néideg ass.
Hackerspace = ?
En hackerspace ass eng Plaatz, wou memberen vun der ASBL syn2cat hackerspace kënnen vun enger gemeinsamer Infrastruktur profitéieren. Materialien wei Léitkolwen, 3D-Printer awer och eng grouss Bibliothéik stinn eise Leit zur Verfügung.
Wien kann matmaachen?
HacKids riicht sech un éischter Plaatz un d'Kanner aus der Gemeng Stroossen, dei tëschent 10 an 18 Joer aal sin. Natirlech kënnen och firwertzég Elteren deelhuelen, mee den atelier selwer bleiwt de Kanner bestëmmt. Selbstverständlech sin d'Plaatzen awer och op fir aaner Kanner, dei un eisen atelier'en interesséiert sinn. Am Allgemengen gëllt, "deen éischten ass vir"!
Quanta costa?
Käschten sin oofhängeg vum atelier selwer. All Käschtenfaktor sin sou gerechent, dass sie fir d'Materialien opkommen; eis Leit schaffen fräiwëlleg mat de Kanner.
Well awer den hackerspace oofhängeg vun don'en ass, wiere mir natirlech frou iwert all don deen eis d'Elteren kënnen gin!
Wéini?
Prinzipiell wëlle mer all eischten Dënsdeg am Mount en atelier maachen, woubei d'Thema ëmmer 1-2 Wochen am Viraus bestëmmt an hei annoncéiert get.
Waat?
Hei drënner fannt Dir d'Lëscht mat den aktuellen atelier'en, an déi een sech aschreiwen kann. Weider détailer stinn bei den atelier'en dobei!
Aktuelles?
Dir kënnt iech op der mailing Lëscht HacKids Mailing Lëscht androen, wann der wellt aktuelle Diskussiounen oder annoncen iwert nei workshops matkréien. Aschreiwen an Oofmelden ass gratis!
ATELIER'EN
Oofgehaalen
-1- All thingz flashy
- Datum : Dënsdeg, 1. März 2011
- Zäit : 14h00 - 16h00 (spéitestens)
- Ziel : Mat Liichtquellen spillen an flott projet'en maachen
- Käschten : 3€/Persoun
- Responsabel : De Workshop get gehaalen vum User:Macfreak109
- Registréieren : dësen atelier ass leider eriwer
-2- Cache'ing
- Datum : Dënsdeg, 3. Mee 2011
- Auerzäit : 14h00 - 16h00
- Thema : Léier geocaching an maach den eegen cache!
- Käschten : 2€/Persoun
- Responsabel : De Workshop get gehaalen vum User:Macfreak109
- Weider Infos : Op dëser Wiki Säit
- Registréieren : dësen atelier ass leider eriwer!
-3- SolarBots
- Datum : Dënsdeg, 7. Juni 2011
- Zäit : 14h00 - 16h00 (spéitestens)
- Ziel : Roboter mat Solarzellen bauen
- Käschten : 5€/Persoun
- Weider Infos : Op der dëser Wiki Säit
- Responsabel : De Workshop get gehaalen vum User:Macfreak109
- Registréieren : Schéckt w.e.g. en EMail un macfreak "at" hackerspace.lu mat ärem Numm, Virnumm, Klass. Et sin nach 8 Plaatzen fräi!
-4- Bubbles!
- Datum : Dënsdeg, 5. Juli 2011
- Zäit : 14h00 - 16h00 (spéitestens)
- Ziel : Riesen Seefebloosen maachen
- Käschten : 2€/Persoun
- Weider Infos : Op der dëser Wiki Säit
- Responsabel : De Workshop get gehaalen vum User:Macfreak109
- Registréieren : Schéckt w.e.g. en EMail un macfreak "at" hackerspace.lu mat ärem Numm, Virnumm, Klass. Et sin nach 8 Plaatzen fräi!
Aktuell
-5- UltiHacktive
- Datum : Dënsdeg, 2. August 2011
- Zäit : 10h00 - 17h00 (spéitestens)
- Ziel : Verschiden Atelier'en
- Käschten : 10€/Persoun inkl. 1 Iessen (BBQ) an 1 Drénken
- Weider Infos : Op der dëser Wiki Säit
- Responsabel : De Workshop get gehaalen vum User:Macfreak109
- Registréieren : Schéckt w.e.g. en EMail un macfreak "at" hackerspace.lu mat ärem Numm a Virnumm. Et sin nach max. 2 Plaatzen fräi!