MyHackerspace

From syn2cat - HackerSpace.lu
Revision as of 00:16, 4 November 2010 by Kwisatz (Talk | contribs)

Jump to: navigation, search

Here, you may leave a short text what you imagine under or expect from a hackerspace!

Kwisatz

Ok, also en Hackerspace, waat ass daat? Ass vläit schwéier ze beschreiwen, well et amfong esou villes ass. Wa mer op d'Beispill vun de Lachkaarten zeréck kommen, da wier en Hackerspace déi Plaatz, wou d'Geeks sech träffe géifen fir se ze stanzen, vläit well et déi eenzeg Plaatz wier, wou Privatpersounen un en entspriechenden Terminal ginge kommen. Oder wou se driwwer diskutéiere kéinten, wéi ee Lachkaarte verbässere kéint. Ob een se nët vläit och fir eppes aaneres kéint gebrauchen? Waat ging dobäi rauskommen, wann een déi Lachkarten ging an eng Dréi-Uergel aspaanen?

En Hackerspace wier déi Plaatz, wou de Wozniak an den Jobs hautesdaags gingen un hierem PC bastelen a wou niewendrunn nach aaner Leit gingen vläit un ähnlechen, vläit awer och un aanere Saachen léiden, programméieren oder driwwer diskutéieren. Amplaatz am Homebrew Computer Club kéinten se hier Maschinn och hei virstellen.

En Hackerspace soll doriwwer eraus awer nët nëmmen eng Plaatz fir Hardware-Hacker oder Software-Programméierer bidden, mee genau esou gudd fir Leit, déi synthétesch Musek produzéieren, déi mat Mikrocontroller-gesteierten LED grouss Konschtinstallatiounen maan oder awer och fir Leit, déi sech grad froen, wisou Kanner an de Schoule mat RFID Kaarten ausgerüst ginn, wann se an der Kantinn eppes z'iesse wëlle kafen. (An sech soumadder och politesch engagéieren) Och nach Leit, déi mat neien Technologien versiche Stroosse-Konscht ze maan. (Andeems se mat engem Beamer Graffiti op Maueren molen oder ähnlechem)

En Hackerspace soll eng Infrastruktur bidden, déi e Privat-Nerd sech net leeschte kann. En Atelier mat enger professioneller Léitstatioun an deenen üblechsten Elektro-Komponenten, ev. engem selwer gebastelten 3D Drocker an ähnlechem. E Chemo-Labo fir Photoen ze entwéckelen an ev. PCB-Boards ze ätzen. E Server Raum mat interessanter an exotescher Hardware (déi mer deelweis schon hunn), aal SparcStations?, Atari ST, ausgemuster Compaq Serveren, etc... E Raum fir Workshops ze halen, mat Présentatiouns-Matérialien.

En Hackerspace soll awer och eng Atmosphär bidden, an där een sech wuel fillt, wou ee gär hikënnt vir aaner awer ähnlech Leit kännen ze léieren an ze fréquentéieren, amplaatz alleng doheem um Späicher oder an der Garage ze sëtzen. Eng Zort Lounge mat gemittleche Fauteuille soll d'Méiglechkeet ginn sech ze ennerhalen, ze sozialiséieren an z'amüséieren. Eng Kiche soll och d'Méiglechkeet ginn zesummen ze kachen, z'iessen an domadder Saachen ze maan, déi iwwer d'Gefrickels mat Léitkolwen, Legobausteng a Linux-Serveren erausginn.

Personal tools
Namespaces

Variants
Actions
Navigation
syn2cat
Hackerspace
Activities
Initiatives
Community
Tools
Tools